Automag vum 16. August 2021Ferdinand Porsche Welten zu Mattsee am Salzburger Land

Christian Schmit
Haut geet et am Automag an d’Salzburger Land, méi genee op Mattsee.

Do gëtt et zënter 2013 an enger fréierer Schongfabrick, elo op 3.000 m2 éisträichesch Automobilgeschicht ze bewonneren, dat an de Ferdinand Porsche Erlebniswelten. De Christian Schmit war do, a koum ganz begeeschtert erëm.

Automag: Ferdinand Porsche Erlebniswelten

Jo effektiv lount sech de Besuch zu Mattsee, an dat net eleng wéinst der romantescher Stiedchen um Séi.

Well d’Ferdinand Porsche Welten déi si sécherlech och e Besuch wäert. Fahr Traum steet baussen op der Fassad ze liesen. En Hommage un de Professer Dokter an Ingenieur Ferdinand Porsche. E grousse Personnage aus der Automobilwelt, dee sengerzäit behaapt huet „Das letzte Auto, das gebaut wird, wird ein Sportwagen sein“

Historesch Rennween sinn d’Häerzstéck. Eenzegaarteg Meeschterleeschtunge vun der Technik aus der Hand vum Genie Ferdinand Porsche. Exponate vun der Kutsch bis bei de Käfer, an di weltwäit gréisst Austro Daimler Sammlung.

Automibil Geschicht „made in Austria“?

De Johannes Konrad eise Guide op der Plaz: Mam Fokus op Austro Daimler, fir déi de Ferdinand Porsche 18 Joer geschafft huet. Wien opmierksam kuckt, stellt fest dass mir och e Mercedes a Stéier weisen. Och fir déi huet hie konstruéiert.

A wie bréngt da mam Numm Porsche Trakteren a Verbindung? Am Trakter Stadl, mat Allgaier a Porsche Diesel, kann ee sech dovunner iwwerzeegen, dass och därer dem Ferdinand Porsche seng Handschrëft droen.

Net nëmmen optesch e Genoss, mä och akustesch kann een d’Modeller erliewen?

Eise Patron, dem Ernest Piëch, Urenkel vum Ferdinand Porsche, ass ganz wichteg, dass all Autoen aus der Ausstellung ugemellt sinn, an och prett si fir ze fueren. Baussen um Parking gouf all Oldtimer demarréiert, de Sound vum Motor gouf enregistréiert, a wann een elo bei d’Gefier kënnt, da kann een den Original Sound lauschteren.

Fahr Traum, eng gelonge Kombinatioun tëscht Zäitgeschicht an Innovatioun. Hei gouf engem zu Mattsee en Denkmal gesat?

Jo dat war ëmmer en Dram. Wann een haut Porsche héiert , dann denkt e gläich un d’Sportsween. Mä et stécht méi dohannert. An dat gëtt hei gewise, gelieft, an zougänglech gemaach.

An och d’Kanner kommen net ze kuerz, a kréie Spilles Technik erkläert.

En Tour mam Oldtimer iwwer Land ass dann d’Kréinung vun esou enger Visitt, Johannes Konrad?

Wëll déi jo alleguerten ugemellt sinn, a fonctionéieren, kann een déi och lounen. Mat Chauffer natierlech, a wat flott ass, et sinn alles 6 Sëtzer. Et ass einfach immens flott an engem Auto deen bal 100 Joer um Bockel huet ze flanéieren. Net séier, mä einfach gemittlech d’Landschaft genéissen.

An op esou eng mat Chauffer am Austro Daimler vu 1926 ware mir dann och agelueden, an hunn et genoss.

D’Ferdinand Porsche Welten zu Mattsee, 20 Kilometer vu Salzburg, wierklech en Erliefnes.

PRÄISSER: All d’Autoproäisser op RTL.lu
CRASHTEST: Isuzu D-Max
SITE: fahr(T)raum

Back to Top
CIM LOGO