
d’europäesch Riichter hei um Kierchbierg also an 2. Instanz net gedeelt.
Déi zoustänneg EU-Kommissärin Margrethe Vestager huet d’Urteel vum Dënschdeg zur Kenntnis geholl. Se léisst per Communiqué awer och matdeelen, datt d’Urteel géing der Applikatioun vu Konkurrenzreegelen eng wichteg Orientéierung ginn.D’Riichter hunn nämlech confirméiert, datt d’EU-Kommissioun d’Recht huet, Aktioune vun eenzele Memberstaaten, déi net ënner harmoniséiert Reegele falen, ze iwwerpréiwen. An deem Sënn wéilt d’Margrethe Vestager weider géint aggressiv Steier-Optimiséierung virgoen.