Ausgang Sëll a Richtung SchweebechFixe Radar zu Sëll gëtt den 1. Oktober schaarf gestallt

RTL Lëtzebuerg
Den neie fixe Radar zu Sëll war Ugangs 2023 ugekënnegt ginn an ass zënter Juli dëst Joer an der Testphas.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Déi Testphas geet den 1.Oktober 2024 op en Enn. Vun deem Ament u muss ee bezuelen, wann et blëtzt. Erlaabt sinn hei 50 km/h. https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2024/08/QP_55670_1723803312441.pdf

D’Vitess gëtt a béid Richtunge gemooss.

Well hei just Tempo 50 erlaabt ass, gëllt eng Toleranz vu 3 km/h, soulaang ee mat ënner 100 km/h ënnerwee ass. Ass een iwwer 100 km/h séier, gëllt eng Toleranz vun 3%.

Back to Top
CIM LOGO