Ausgang Sëll a Richtung SchweebechFixe Radar zu Sëll nach an der Testphas, nach keen Datum fir repressiv Phas

RTL Lëtzebuerg
Den neie fixe Radar zu Sëll war Ugangs 2023 ugekënnegt ginn an ass zënter Juli, also zënter 6 Wochen, an der Testphas.
© Domingos Oliveira (Archiv)

An enger Äntwert op déi parlamentaresch Fro aus de Reie vun der DP präziséieren déi zoustänneg Ministere Gloden a Backes, dass wärend der Testphas all d‘Donnéeë geläscht ginn, an dass se och net ausgewäert ginn.

Et geet drëm, déi néideg Parameteren anzestellen an zum Beispill d‘Kamera ze kadréieren. Ee geneeën Datum fir déi repressiv Phas ass nach net definéiert ginn. Deen neie fixe Radar steet am Ausgang vu Sëll a Richtung Schweebech.

Back to Top
CIM LOGO