Luxair melltFliger a Richtung Dublin wéinst techneschem Tëschefall ëmgedréint

RTL Lëtzebuerg
D'Luxair mellt, datt ee vun hire Fliger wéinst engem techneschen Tëschefall um Fluch LG4883 vu Lëtzebuerg op Dublin e Freideg huet missen ëmdréinen.
Symbolbild: Foto vun enger Havilland Q400
Symbolbild: Foto vun enger Havilland Q400
© Domingos Oliveira / RTL

Deemno wier d’Havilland Q400 mat der Nummer LX-LGG ouni Problemer zeréck um Findel gelant. D’Passagéier u Bord wieren ausserdeem vum Kapitän an der Crew informéiert ginn, datt hir Sécherheet net a Gefor war.

Fir datt dës nach e Freideg op hirer Destinatioun Dublin ukommen, huet d’Luxair e weidere Fluch am Nomëtteg organiséiert.

D’Luxair rappelléiert ausserdeem, datt si esou Stéierunge probéieren, ze verhënneren, ma d’Sécherheet vun de Passagéier an dem Personal hätte Prioritéit, wouduerch et zu esou ongeplangten Tëschefäll ka kommen.

PDF: D'Schreiwes vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO