
Bis 2025 solle 4 nei Wierker gebaut an 11.000 Aarbechtsplaze geschaaft ginn, sou Ford e Méindeg. D’Firma wëll déi nei Firmen zesumme mat sengem südkoreanesche Partner SK Innovation an den US-Bundesstaate Kentucky an Tennessee bauen. De Konstrukteur wëll eegenen Aussoen no 7 Milliarden Dollar fir de Projet bereetstellen, déi aner 4,4, Milliarden Dollar steiert SK bäi.
Wéi de Ford Bill matgedeelt huet, wéilt seng Firma “den Iwwergank vun Amerika zu Elektrogefierer uféieren an eng nei Ära mat enger propperer, CO2-neutraler Produktioun aleeden”. De Ford-Chef geet dovun aus, dass den Undeel vu rengen E-Autoen a senger Flott bis 2030 op 40 bis 50 Prozent an d’Luucht geet. Den Ament besteet eng staark Nofro nom neie Pickup F-150 Lightning an aneren Elektromodeller, wéi dem E-Transit an dem Mustang Mach-E.