Äntwert op parlamentaresch FroFourrière fir de Süde vum Land bleift net um Eurohub-Sud

RTL Lëtzebuerg
De Süde vum Land brauch eng Fourrière, ma déi fënnt wuel keen definitiivt neit Doheem um Site "Eurohub-Sud" bei Beetebuerg/Diddeleng.

Am Hierscht hat de Ministère fir bannenzeg Sécherheet annoncéiert, datt um genannte Standuert eng temporär Léisung fonnt gi wier an eng gewëss Unzuel un Autoe goufen och do stockéiert.

Ma wéinst legale Contraintë kéint awer op dësem Site keng Fourrière definitiv installéiert ginn.

Dat äntwert den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot sengem Parteikolleeg, dem Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana op eng parlamentaresch Fro.

Back to Top
CIM LOGO