Um LampertsbiergFräi Faart fir de Vëlo an der Avenue Pasteur

Diana Hoffmann
En Deel vun der Avenue Pasteur um Lampertsbierg kritt an deenen nächste Méint souzesoen en neien Ustrach.
Fräi Faart fir de Vëlo an der Avenue Pasteur
En Deel vun der Avenue Pasteur um Lampertsbierg kritt an deenen nächste Méint souzesoen en neien Ustrach.

Reamenagement Avenue Pasteur / Reportage Diana Hoffmann

D’Liewensqualitéit vun de Leit soll verbessert ginn, andeems méi staark op d’"Mobilité douce” gesat gëtt. De Vëlo kritt also méi Plaz an dofir gëtt eng Vëlospist a béid Richtungen amenagéiert, déi da soll op der lénker Säit vum Tramsschapp bis op de Glacis féieren. “D’Conclusioun ass, datt et déi bescht Solutioun ass, wann een elo wëll eppes maachen”, huet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt op enger Pressekonferenz um Freideg de Moie präziséiert.

Déi éischt Phas vum Projet wäert 4 Méint daueren a 400.000 Euro kaschten. An dëser Phas gëtt d’Avenue Pasteur vum Glacis bis op d’Héicht vum Jongelycée an der Rue Henri VII amenagéiert. Schonn e Samschdeg ginn d’Aarbechte mam Ofholze vun 23 Beem un. Dofir wäert d’Strooss temporär vu 6 Auer moies bis 14 Auer mëttes fir den Trafic gespaart sinn. Fir datt an Zukunft genuch Plaz fir de Vëlo wäert sinn, mussen eng Partie Parkplazen an Terrassen op der lénker Säit a Richtung Stad wäichen. “Fir all d’Terrasse wäerte mir Solutioune fannen”, versprécht de Stater Schäffe Serge Wilmes. Entweder op där anerer Stroossesäit oder awer och zum Beispill de Gaart vun der Zirkusschoul huet de Schäfferot an d’A gefaasst.

E “Shared Space” aus deem Tronçon vun der Strooss ze maachen, wéi dat zum Beispill déi Stater Gréng fuerderen, ass fir de Patrick Goldschmidt awer keng Alternativ. Et wier nach ëmmer e Fakt, datt et Leit géing ginn, déi hiren Auto am Alldag brauchen. A ganz dovunner ofgesinn, misst eleng scho wéinst de Lycéeën, déi um Lampertsbierg sinn, de Busverkéier iwwert déi Strooss féieren. D’Claudie Reyland vun deene Grénge gesäit dat awer net esou. Hirer Meenung no feelt dem Schäfferot just den néidege Courage, fir d’Strooss op deem Tronçon fir den Duerchgangsverkéier ganz zouzemaachen, an aus dem ënneschten Deel en “Shared Space” ze maachen. Natierlech wier donieft dann e ganzt neit Verkéierskonzept fir de Quartier noutwendeg.

Mat enger zweeter Phas vun hirem Projet hofft de Schäfferot, datt am Hierscht lassgeluecht ka ginn. Da soll d’Konzept vun der Stroosseféierung mat enger bidirektionaler Vëlospist bis op d’Héicht vum Tramsschapp an der Rue Ermesinde erweidert ginn. Och hei bestinn déi selwecht Suerge vum Ewechfale vun Terrassen oder Parkplazen. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wëll awer berouegen: “Et ass eis wichteg, datt och dono d’Atmosphär vun deem Quartier, mat senge Commercen, Restauranten a Caféen erhale wäert sinn“.

Vun enger Weiderféierung vum Projet an enger 3. Etapp bis bei de Lycée Michel Lucius dreemt een dann och schonn. Mee hei misst ee realistesch bleiwen, heescht et vum Stater Schäfferot. Soulaang d’Lycéeën um Lampertsbierg sinn, wier dat wéinst dem Trafic, deen dozou gehéiert net méiglech. Fir awer d’Sécherheet an der Avenue Pasteur ze erhéijen, gëtt déi ganz Strooss eng Tempo 30 Zon. D’Beem, déi fir de Projet mussen ofgeholzt ginn, wäerten deels op aner Plazen an der Strooss ersat ginn an deels op komplett anere Plaze kompenséiert.

Hei den offizielle Communiqué vun der Ville de Luxembourg

Avenue Pasteur

Travaux en vue de l’aménagement d’une piste cyclable bidirectionnelle

à partir du 29 janvier 2022

Soucieux de promouvoir la mobilité douce sur le territoire urbain et de garantir un itinéraire cyclable sécurisé qui réponde aux attentes formulées par les habitants du quartier Limpertsberg à la suite de plusieurs réunions riverains, ainsi que du groupe de travail dont une séance s’est tenue le 23 octobre 2021 au Grand Théâtre de Luxembourg, le collège échevinal a décidé d’aménager un itinéraire sécurisé pour les cyclistes, reliant le nord de ce quartier aux infrastructures cyclables existantes au sud.

Le collège échevinal a donc pris la décision de procéder à l’aménagement en deux phases, d’une piste cyclable bidirectionnelle en site propre à l’avenue Pasteur. La Ville de Luxembourg tient par conséquent à informer les citoyens ainsi que les usagers de la route et des transports en commun qu’à partir de fin janvier 2022, des travaux préliminaires seront entrepris à Luxembourg-Limpertsberg en vue de procéder dans un premier temps à la réalisation de la piste cyclable bidirectionnelle, sur le tronçon de l’avenue Pasteur compris entre l’allée Scheffer et la rue Henri VII.

Dans le cadre de ces travaux préliminaires, l’avenue Pasteur sera barrée à toute circulation, le samedi 29 janvier 2022 de 6.00 heures à 14.00 heures sur le tronçon sis entre la rue Henri VII et l’allée Scheffer, pour notamment procéder à l’enlèvement de 23 arbres situés de part et d’autre de l’avenue Pasteur (à noter que la plantation de 11 arbres se fera à la fin de la phase 1 du projet du côté impair de l’avenue Pasteur, une plantation compensatoire des autres 12 arbres abattus étant également prévue). Le stationnement sera par ailleurs interdit dans l’avenue Pasteur devant les maisons n°3 à 33 (côté impair) et devant les maisons n°2 à 34 (côté pair, jusqu’au coin avec la rue Henri VII).

Le Service Circulation de la Ville de Luxembourg veillera à la mise en place d’une signalisation appropriée.

Les travaux d’aménagement de la piste cyclable seront quant à eux entrepris à compter de début février 2022. Pendant la durée des travaux, l’accessibilité de l’avenue Pasteur sera garantie pour le trafic motorisé ainsi que pour les cyclistes et les piétons. Il y a cependant lieu de signaler les modifications suivantes pour la ligne 19 des autobus municipaux : entre les arrêts Léandre Lacroix et Theater, la ligne sera déviée par la rue Jean-Baptiste Fresez et l’avenue Victor Hugo. Les arrêts N. S. Pierret, Alfred de Musset et Allée Scheffer seront supprimés et remplacés par les arrêts Alen Tramsschapp et Lycée de Garçons de la ligne 2 dans l’avenue Victor Hugo.

Dans une 2e phase et pour donner suite aux propositions des habitants du quartier, le collège échevinal a décidé de prolonger la piste cyclable jusqu’à la rue Ermesinde et de relier ainsi le site « Vivre sans voiture » aux infrastructures cyclables de la Ville, la réalisation de ces travaux étant prévue pour le 2e semestre 2022.

Cette mesure garantissant une liaison nord-sud en site propre au Limpertsberg et répondant ainsi à une demande des cyclistes, permettra dorénavant un déplacement en toute sécurité dans le quartier en question.

PDF: De Communiqué zum Sujet vu ProVelo

Back to Top
CIM LOGO