
Och bei de Kanner. Etüden hätte gewisen, datt déi meescht Kanner bis 15 Joer souwisou en Helm unhunn. Hei wéilt een dowéinst weider op Opklärung a Sensibiliséierung setzen. Eng Helmflicht kéint kontraproduktiv sinn. Fir de Rescht wier fir d’Sécherheet vun de Cycliste besonnesch d’Infrastruktur relevant, sou de grénge Minister op d’Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener.