Butteker, Food Trucks a villes méiGaren uechter d'Land progressiv moderniséieren

RTL Lëtzebuerg
Déi 35 Garen a 35 Zuch-Arrêten am Land esou amenagéieren, datt d'Waarden op en Zuch net eng lästeg Affär gëtt.

Dat ass d’Zil hannert dem Plang, fir d’Garë progressiv ze moderniséieren. D’Stater Gare weist de Wee mat engem Buttek, dee rezent ageweit gouf a woufir d’CFL mat der Supermarchés-Chaîne Cactus eng Gesellschaft à part gegrënnt hunn.

An der Stater Gare soll dann elo nach e weidere Raum amenagéiert ginn, wou Presse-Produkter, Post-Artikelen a Lotterie verkaf ginn - bis d’nächst Joer soll och e Bistro seng Dieren opmaachen. An de Garen zu Miersch an Ettelbréck sollen iwwerdeem och Butteker hir Dieren opmaachen.

A Garen, wou keng Plaz fir esou Shopping-Geleeënheete besteet, gi Containeren opgeriicht, wou Zuch-Clientë kënnen akafen, respektiv kommen 42 Automate bei Garen an Arrête stoen an et gi Food Trucks engagéiert. Wa bis den ënnerierdesche Vëlos-Parking bei der Stater Gare amenagéiert ass, gëtt och dobäi en Atelier ageriicht, wou Vëloe kënne gefléckt ginn.

Dës Prezisioune liwwert de Mobilitéitsminister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der grénger Parteikolleegin Chantal Gary.

Back to Top
CIM LOGO