Et war een impressionant Bild, dat sech de 27. August gebueden huet, nodeems et op enger Längt vu véier Meter zu engem Äerdrutsch am Eisebunnstunnel Schieburg komm war.
Déi éischt Fro, déi sech vill vun de betraffenen Zuchpassagéier gestallt dierften hunn, war wuel: Wéi laang soll et daueren, bis dat alles ewechgeraumt ass? Och bei der Eisebunnergewerkschaft Syprolux weess een net, wéini hei erëm Zich zirkuléiere wäerten. Ma ob dat scho vu Mëtt Dezember un de Fall wäert sinn, do ass een éischter skeptesch. De Paul Gries, Gestionnaire Immo beim Syprolux, kritiséiert virun allem d’Kommunikatiounsstrategie vun den CFL.
Paul Gries: “Dat eenzegt wat ech iwwer Rumeuren héieren hunn, ass, datt am Mount Oktober Etüde gemaach ginn, wéi dee Problem mam Tunnel geléist ka ginn, an d’CFL intensiv dorunner schaffen. Mee no baussen hin ass bis elo nach net ganz vill Konkretes komm. Ech kann iergendwou verstoen, datt déi Etüden hir Zäit brauchen, mee wann ech d’lescht Woch an der Chamber héieren, et ass den 11. an den Dag drop héieren ech rëm den 11. ass et net, also wierklech.”
Dobäi bräichten d’Clienteë grad mat Bléck op de Wanter an den da méi schwierege Stroossekonditioune Kloerheet. Ma net just bei der Kommunikatioun, och bei den Ersatzbusser gesäit ee beim Syprolux nach Loft no uewen. Hie fuerdert beispillsweis eng Direktverbindung tëscht Ëlwen an Ettelbréck.
Paul Gries: “Dir wësst, zu Ëlwen bauen d’CFL am Moment ee Parkhaus, si hunn een Ersatzparking, mee dee gëtt awer net genotzt, obschonn esouguer eng Navette do ass. Well d’Leit einfach soen, d’Verbindung vun Ëlwen bis op Ettelbréck mam Bus do sinn ze vill Arrêten. D’Leit wënsche sech direkt Bussen. Dir wësst, d’Eisebunn fiert ënnen duerch den Dall, d’N7 geet uewen eriwwer. Bei der N7 sinn och Park and Riden. Mir mussen natierlech d’Garë bedéngen, mee do hätt ee warscheinlech eng aner Formule kënne fannen.”
Zu Lëtzebuerg gëtt et 27 Eisebunnstunnellen, déi tëscht Mëtt vum 19. an Ufank vum 21. Joerhonnert gebaut goufen an den CFL no reegelméisseg kontrolléiert ginn. Op der Streck tëscht der belscher Grenz an Ettelbréck sinn et der 18, all aus dem Joer 1863. Mat Bléck op d’Situatioun ronderëm den Tunnel Schieburg wollt sech déi aner Eisebunnergewerkschaft, de Landesverband, op Nofro hin iwwregens net äusseren. Et hätt een net genuch Informatiounen. Och d’CFL hale sech bedeckt, et géingen Analyse lafen, d’Resultater dovu solle Mëtt November op enger Pressekonferenz presentéiert ginn.