Gutt NouvellenGratis Parken um P+R Belval wäert (endlech) zréckkommen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems se ëmmer rëm no hanne geréckelt gouf, gëtt d'Installatioun fir en neie "kontaktlose" System um P+R Belval endlech ageweit, wéi d'CFL matdeelen.
© Romain van Dyck / RTL

Eng Dispositioun, déi de Retour vun engem 24-Stonne gratis Parksystem fir déi, déi d’ëffentlech Verkéiersmëttel benotzten, erméigleche wäert... Fir all déi aner dogéint gëtt et eng schlecht Noriicht.

Zanter Juli 2021 gëtt et um grousse Parking mat 1.600 Plazen, deen nëmmen e Steeworf vu Frankräich ewech läit, nämlech eng Zwouklassepolitik:

Op där enger Säit ginn et déi Glécklech, déi 24 Stonne laang gratis parke kënnen, well si en alen Abonnement hunn.
Op där anerer Säit ginn et déijéineg, déi gezwonge sinn, de volle Präis ze bezuelen, fir do ze parken.

Eng Skurrilitéit, déi elo endlech en Enn wäert hunn, wéi d’CFL annoncéieren.

E “kontaktlose” System am September

Grad ewéi zu Rodange wäert vum 18. September dëst Joer un och am Parkhaus um Belval e “kontaktlose” System agefouert ginn. Dësen Datum, deen ëmmer erëm verréckelt gouf, steet elo fest, wéi d’Clientë feststelle kënnen, déi an de leschten Deeg e Schreiwes vun den CFL kritt hunn.

Wéi bei eise Kolleege vun RTL Infos ze liesen ass, wäert den Accès an de Parking digitaliséiert ginn, notamment mat enger neier “P+R CFL"-App. D’Ticket-Maschinn wäert deemno d’Plackennummer erfaasse kënnen, wärend d’App de Client lokaliséiert. Konkreet heescht dat, datt een nom Parken zum Beispill den Zuch, e Bus, e Vëlo oder en anert Verkéiersmëttel huele muss, fir datt d’App d’gratis Parke fir maximal 24 Stonne confirméiere kann, wann ee sech méi wéi 1,5 Kilometer vum Parking ewech beweegt huet.

Den Accès fir de P+R wäert deemno fir all d’Notzer vun ëffentleche Verkéiersmëttel an der Mobilité douce gratis sinn, an net méi just fir Leit mat Abo. Fir déijéineg, déi am P+R parken an um Belval bleiwen, wäert de Parking allerdéngs net just weiderhi kaschten, mä souguer méi deier ginn. Déi nei Präisser fannt Dir hei.

Déi al Ticket-Maschinne beim P+R Belval.
Déi al Ticket-Maschinne beim P+R Belval.

Link: Méi Informatiounen dozou bei eise Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO