DäitschlandGréisser Perturbatioune wéinst Sträit tëscht Bunn a Maschinisten

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Streik vun der "Gewerkschaft Deutscher Lokomotivführer" (GDL) fuere bei der däitscher Bunn vill Zich net.
© AFP/Archiv

Wéi d’Bunn e Mëttwoch de Moie matgedeelt huet, wierkt sech de Streik “staark op den Zuchverkéier aus”. Den Ersatzfuerplang wier awer “stabil ugelaf”.

D’Firma kéint “net garantéieren, datt jidderee wéi gewënscht u säin Zil kënnt”. D’Bunn géif Fuergäscht bieden, “déi net onbedéngt fuere mussen, hir Rees, souwäit et méiglech ass, ze verréckelen”. Ween net op den Zuch verzichte kéint, soll sech viru senger Rees am Internet informéieren.

Zanter e Mëttwoch de Moien um 02.00 Auer hat d’GDL och am Persouneverkéier zu Streiken opgeruff, de Gidderverkéier gëtt schonn zanter en Dënschdeg den Owend bestreikt. Der GDL no soll en nach bis e Freideg de Moien um 02.00 Auer daueren.

Hannergrond ass e Sträit ëm d’Léin vun de Maschinisten. Duerch de Streik wëlle si eng nei Offer vun der Bunn erzwéngen, déi lescht wier nämlech “net verhandelbar”.

D’Bunn rechent un de Streikdeeg mat enger héijer Auslaaschtung vun de verbliwwenen Zich an huet op d’Maskeflicht higewisen, och eng gratis Hotline ass ageriicht ginn (08000/996633).

D’CFL huet matgedeelt, datt et och Perturbatiounen op der Linn Lëtzebuerg-Koblenz ginn, all Detailer dozou gëtt et op cfl.lu.

Back to Top
CIM LOGO