No BrandstëftungGréisserer Problem am franséischen Zuch-Reseau

RTL Lëtzebuerg
D’Gare de L’est zu Paräis war de ganze Moien blockéiert, no engem Problem mat der Elektronik. Et dierft nach daueren, bis de Problem behuewen ass.

E Problem, dee gewollt erbäigefouert gi wär, heescht et vun der franséischer Bunn, ouni dass konkret Detailer genannt goufen. Et ass awer vun engem «acte de malveillance» rieds. Spéider ass gemellt ginn, dass et sech ëm Brandstëftung handelt.

Den TGV, deen en Dënschdeg de Moien aus der Stater Gare sollt op Paräis fueren, huet dofir och scho mussen annuléiert ginn.

Wéini nees Zich an der Gare de L’Est kënnen fueren ass den Ament nach net gewosst, et dierft awer de ganzen Dag laang daueren.

Weider Infoen op 5minutes.rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO