
Wären dem Congé collectif war d’Grenzbréck zu Wuermer a béide Richtungen op. E Méindeg ass dëst nees eriwwer, da kann ee just nach Stonneweis a Richtung Lëtzebuerg respektiv Däitschland fueren.
Zanter dem 21. August war d’Bréck moies tëschent 6 an 10 Auer a Richtung Lëtzebuerg op sinn, an duerno dann a Richtung Däitschland. Deen Ament an deem d’Richtung gewiesselt gouf, war d’Bréck wärend 10 bis 15 Minutten zou.
Vum 20. Oktober u leeft den Trafic dann nees normal a béid Richtungen. D’Finitiounsaarbechten un der Grenzbréck ginn zu engem spéideren Zäitpunkt gemaach.