
Wären dem Congé collectif war d’Grenzbréck zu Wuermer a béide Richtungen op. E Méindeg ass dëst nees eriwwer, da kann ee just nach Stonneweis a Richtung Lëtzebuerg respektiv Däitschland fueren.
Vum 21. August u wäert d’Bréck moies tëschent 6 an 10 Auer a Richtung Lëtzebuerg op sinn, an duerno dann a Richtung Däitschland. Deen Ament an deem d’Richtung gewiesselt gëtt, wäert d’Bréck wärend 10 bis 15 Minutten zou sinn.
Vu freides, den 8. September 18 Auer bis sonndes, den 10. September 14 Auer wäert d’Bréck komplett gespaart sinn.
Aktuell gëtt d’Grenzbréck renovéiert.