Vum 27. Mäerz unGrenzbréck zu Wuermer wäert fir 4 Stonne moies a Richtung Lëtzebuerg op sinn

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg 8 Deeg, dem 27. Mäerz u wäert den Trafic op der Grenzbréck zu Wuermer ofwiesselend an 2 Richtungen opgoen.

Aktuell ass d’Bréck wéinst Aarbechte just a Richtung Däitschland op, wat zu gréissere Komplikatiounen am Verkéier gesuergt huet. Wéi de Mobilitéitsministère elo matdeelt, hätt een an de leschten Deeg enk mat den däitschen Autoritéiten zesummegeschafft fir eng Léisung ze fannen.

Vum 27. Mäerz u wäert d’Bréck Moies tëschent 6 an 10 Auer a Richtung Lëtzebuerg op sinn, an duerno dann a Richtung Däitschland. Deen Ament an deem d’Richtung gewiesselt gëtt, wäert d’Bréck wärend 10 bis 15 Minutten zou sinn.

Back to Top
CIM LOGO