
Dat mat 30,8%, wat bal all drëttem Auto entsprécht. D’Kategorie Gro/Sëlwer steet domadder zanter 2015 un der Spëtzt a konnt och par Rapport zum Joer virdru mat 0,9 Prozentpunkten zouleeën. Op der zweeter Plaz läit Schwaarz mat 26,3% an op der drëtter Wäiss mat ronn 20%.
Eng Faarf, déi besonnesch zouleeë konnt, ass Gréng. Deemno ass d’Zuel vu gréng lackéierten Autoen ëm 25,7% geklommen, am Verglach mat allen anere Faarwe kënnt Gréng awer nëmmen op eng 6. Plaz mat 2,2%.
Vun de bonte Faarwen ass Blo mat 9,9% op enger 4. Plaz déi beléiftst Lackéierung. Op der 10. Plaz am Ranking läit Mof mat grad emol 0,1%.
Haaptgrond fir d’Dominanz vun de Faarwe Gro, Sëlwer, Schwaarz a Wäiss ass wéi d’VDA erkläert, d’Erwaardung vu ville Chaufferen, hiren Auto nees weiderzeverkafen. Et decidéiert ee sech dowéinst bewosst fir Faarwen, déi aktuell beléift sinn, wat och erkläert, firwat dës am Verglach zu de Jore virdrun ëmmer méi zouleeë konnten.