Zu Lëtzebuerg an am AuslandGrouss Problemer bei der Liwwerung vun neien Autoen

Jeannot Ries
Dëst Joer gëtt kee Rekordjoer, wat d'nei Immatrikulatioune vun Autoen hei am Grand-Duché ubelaangt.
Grouss Problemer bei der Liwwerung vun neien Autoen
Grouss Problemer bei der Liwwerung vun neien Autoen

Den Ament leien d’Zuele souguer 20% ënnert deene vun engem normale Joresduerchschnëtt. Schold un där Situatioun si weltwäit Produktiouns- an deemno och Liwwer-Problemer. D’Loscht, sech en neien Auto unzeschafen, bleift hei am Land awer grouss. Fir de Client bedeit dat konkreet, ganz vill Gedold opzebréngen. Op engem Marché, wou haut kaum e Garagiste nach soe kann, wéini genee en neit Gefier geliwwert ka ginn.

U sech géifen an normalen Zäiten eng 100 Autoen am Showroom vun enger grousser Garage stoen, déi 13 verschidde Marke verkeeft. Dobäi kéim nach emol e Stock vun 1.000 bis 1.200 Gefierer. Den Ament sinn et der awer 4 Mol manner.

Et si virop déi winzeg Chippen, ouni déi modern Gefierer net méi fueren, déi global um Weltmaart feelen. Eng Kris, déi d’Concessionnairen an eng onméiglech Situatioun bréngt, wéi et se nach ni gouf.

Dem Client bleift näischt anescht wéi ze waarden. An dacks och nach méi déif an d’Täsch ze gräifen. Vill Marke sinn den Ament knéckeg, wat Remisen ubelaangt. Well d’Nofro méi héich wéi d’Offer ass, zéien d’Präisser och um Occasiounsmaart un.

En europäescht Wonner ass net z’erwaarden. Just 10% vun deene sou begierten Chippe ginn hei um Kontinent produzéiert. Fir déi ze verduebelen, wieren 10 Joer néideg, sou Experten aus der Hightech-Branche.

Back to Top
CIM LOGO