
Virun allem fir déi, déi méi dacks op Tréier oder an d’Rhein-Main-Gebitt fueren. Op enge 14 Kilometer gëtt d’Autobunn tëscht der Sauerdallbréck an Tréier-Ehrang nämlech grondrenovéiert.
Vum Grenziwwergang zu Waasserbëlleg u leeft den Trafic dofir vum 17. Juli u just nach op dräi Spueren: Moies zwou a Richtung Lëtzebuerg an owes zwou a Richtung Tréier, sou dass de Beruffstrafic besser virukënnt.
Am Chantier gëllt dann eng Vitesslimitatioun 80 Kilometer an der Stonn.
D’Sauerdallbréck selwer soll eréischt 2026 sanéiert ginn, de Chantier ass bis 2029 geplangt.