Eng Initiativ, déi no enger rezenter Testphas tëscht November an Abrëll guttgeheescht gouf an de lokalen Autoritéiten no gutt Resultater bréngt.
Eleng am Rheinland-Pfalz si méi ewéi dausend Leit d’lescht Joer bei Autosaccidenter verongléckt, well se ofgelenkt goufen. Dacks gouf mam Handy hantéiert – d’Konsequenzen hei kënne fatal ausfalen. Effektiv gëtt zu Tréier just 1 vu 10 Chaufferen am Kontext “Handy-Notzung am Auto” wéinst telefonéiere protokolléiert. 9 vun 10 wéinst “scrollen” an tippen. Konsequenz: elo sollen am ganze Bundesland mobil Radaren, déi den Handy detektéieren, installéiert ginn.
50 Prozent mat Oflenkungen
E Pilotprojet zu Tréier a Mainz huet dozou gefouert, datt d’Zuel vun den Oflenkunge sech op d‘mannst ëm 50 Prozent reduzéiert hunn, esou d’Police vun Tréier.
De Matthias Emmerich, SMARTcam Projet-Leader: „D‘Leit fille sech da schonn e bësse suivéiert, well se wëssen, datt se et net dierfe maachen. Iwwert déi 6 Méint zu Mainz an Tréier goufe knapp 1.300 Verstéiss dokumentéiert. Dat obwuel d’Kontrolle mat engem Schëld ugekënnegt goufen an d‘Radaren och staark mediatiséiert goufen.“
Mat der nächster Ännerung vum Policegesetz soll nach dëst Joer eng Proposition de loi kommen, fir den Asaz vun der Monocam ze erméiglechen. Kuerz drop sollen d‘Policebüroe vum Land mat der Technik aus Holland equipéiert ginn.
100 Euro Protokoll an e Punkt?
De System, deen an Holland entwéckelt gouf an och schonn do an den Asaz kënnt, erkennt an engem Livestream op en Auto- oder Camionschauffer en Handy oder Tablett am Grapp huet. D’Kamerae gi virun allem op Brécken installéiert a fotograféieren erof. De Wénkel ass wichteg fir den Handy, soubal en op der Héicht vum Steierrad ass, ze detektéieren. D’KI, d‘kënschtlech Intelligenz am System, analyséiert d’Situatioun a mécht automatesch eng Foto. Dës ginn duerno um Policebüro iwwerpréift an ausgewäert.
Den Handy hannert dem Steier ass net erlaabt wärend dem fueren. Telefonéieren och just via Fräispriechanlag. Vill Chaufferen telefonéieren awer mam Handy widder dem Ouer, oder tippe Messagen, respektiv “scrollen” duerch déi sozial Reseauen.
Gëtt een an Däitschland erwëscht, da kascht dat 100 Euro. Fir däitsch Chauffere sinn dat 100 Euro an ee Punkt am Register zu Flensburg. Zu Lëtzebuerg kascht dee Protokoll iwwregens 145 Euro.
Oflenkung ee vun den Haaptgrënn fir Accidenter
D’Hantéiere mam Handy hannert dem Steier dréit massiv zu Autosaccidenter bäi. Do si sech Etüden aus aller Welt eens. Nieft Alkohol a Vitesse ass d’Oflenkung mat 68 Prozent deen heefegste Grond fir Accidenter.
Handyradare sinn zu Lëtzebuerg bis ewell awer nach net geplangt, huet et rezent vum Mobilitéitsministere geheescht.
