Den Yves Steffen ass passionéierte Vëlosfuerer. Als jonke Borscht war hie reegelméisseg um Mountainbike ënnerwee, elo mat Mëtt 30 benotzt den Diddelenger den Drotiesel, fir sech vun A op B ze deplacéieren. Et wier ganz agreabel, fir iwwer Land ze fueren. Wat feelt, wier eng gutt Ubannung an de Stied respektiv Dierfer.
E Gesetz hält fest, datt et hei am Land eng 1.100 Kilometer Vëlospiste solle ginn. An de leschte Jore wieren och e puer Weeër gebaut ginn, dat wier awer nëmmen eng Drëps op de waarme Steen. Aktuell ginn et eng ronn 600 Kilometer Vëlospisten, opgedeelt op 23 national Weeër zu Lëtzebuerg. Gebraucht gi getrennte Vëlosweeër par rapport zur Strooss an ee weidere Probleem sinn och d’Schantercher.
Wärend der Pandemie hu vill Leit d’Freed um Vëlofueren entdeckt. D’Vëlosgeschäfter hunn e Boom erlieft. Et gëlt elo, d’Leit bei der Staang ze halen a weiderhin an d’Vëlospisten z’investéieren.
Méi douce Mobilitéit géif zu méi Liewensqualitéit a Stied an Dierfer féieren.