Joint Venture tëscht Honda an LGHonda an LG Energy investéiere 4,4 Milliarden US-Dollar a Batterie-Fabrick

RTL Lëtzebuerg
De japaneschen Autoshiersteller Honda an de südkoreanesche Batterie-Produzent LG Energy hunn e Méindeg de Moien eng längerfristeg Kooperatioun ugekënnegt.
© AFP/File/Behrouz MEHRI

Zesummen investéiere béid Betriber an der Héischt vu 4,4 Milliarden US-Dollar an eng Autosbatterie-Fabrick an den USA. D’Konstruktiounsaarbechte fir d’Entreprise sollen d’nächst Joer ufänken. Am Joer 2025 sollen da masseweis Lithium-Batterien an der Fabrick produzéiert an op de Marché bruecht ginn.

Wéinst der Klimakris a wéinst der Energiekris wëlle souwuel d’USA wéi och Europa méi onofhängeg vu fossiller Energie ginn. Doriwwer eraus wëll China, datt d’Hallschent vun de Ween, déi a China verkaaft ginn, an Zukunft elektresch solle sinn. Dës Demande erhofft ee sech op Säite vun LG an Honda mat der neier Fabrick befriddegen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO