Wéinst ZuchpannHonnerte Passagéier hu missen zu Fouss duerch den Eurotunnel

RTL Lëtzebuerg
En Zuch, deen en Dënschdeg am Eurotunnel vu Calais op Folkestone ënnerwee war, hat eng Pann. D'Passagéier hu fënnef Stonnen op Hëllef waarde missen.
© AFP

De Leit, déi net op d’Hëllef waarde wollten, ass näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi mat hire Wallissen duerch e Maintenancetunnel a Richtung Gare vu Falkestone weiderzegoen. An de sozialen Netzwierker goufe Videoe verëffentlecht, an deenen ze gesinn ass, wéi d’Leit duerch den Tunnel trëppelen.

No fënnef Stonne koum en Ersatzzuch, deen normalerweis Busser transportéiert, fir de Leit ze hëllefen. Allerdéngs sinn duerch d’Pann eng sëllegen aner Zuchverbindungen ausgefall. De Bedreiwer vum Eurotunnel huet dowéinst de Leit geroden, bis e Mëttwochmoien net bei d’Terminalen ze kommen, well een net garantéiere kéint, datt d’Passagéier pünktlech op hirer Destinatioun ukomme géifen.

Back to Top
CIM LOGO