Nordstad lancéiert e PilotprojetHorairë vun 150 Busarrête an Echtzäit mat Hëllef vu QR-Code

RTL Lëtzebuerg
Vum 7. Juli u gëtt et an den Nordstadgemenge méi liicht, wann een de Bus wëll huelen. Um Arrêt kann een d'Arrivée nämlech an Echtzäit ofruffen.

Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Ettelbréck a Schieren lancéieren domat e Pilotprojet, deen am Koalitiounsvertrag virgesi war. Deemno ass vum 7. Juli un e QR-Code op den 150 RGTR-Busarrêten an deene Gemengen disponibel. Wann een dëse scannt, kënnt een op enger Websäit eraus, déi engem d’Echtzäitinformatioune vum Bus respektiv dem Arrêt, wou ee steet, uweist. Um Site fënnt een och d’Fuerpläng souwéi d’Linne vum jeeweilegen Arrêt an et kann ee seng Reesroute plangen.

PDF: Visuell vum Pilotprojet Nordstad

Back to Top
CIM LOGO