Tram-Ausbau geet virun Houwald-Gare als neie Mobilitéitsknuet

Chris Meisch
Marc Hoscheid
Lëtzebuerg setzt op den Tram. Elo kommen déi nei Etappen am Ausbau vum Reseau.
Tram-Ausbau geet virun: Houwald-Gare als neie Mobilitéitsknuet
Lëtzebuerg setzt op den Tram. Elo kommen déi nei Etappen am Ausbau vum Reseau.

Den Ausbau vun der Tram-Infrastruktur geet konsequent virun. De Quartier Houwald ass an deene leschte Jore massiv gewuess. Vu leschter Woch u sinn déi definitiv Quaie fir den Tram op der Gare um Houwald opgaangen, déi ronn 50 Meter vun der bis dohi provisorescher Statioun ewech leien an elo nach méi no um Pole d‘échange leien. Och vun der Stäreplaz iwwer d‘Areler Strooss a Richtung CHL soll eng nei Tramslinn mat engem Pole d‘échange bäikommen.

Vu leschter Woch u fiert den Tram op béide Schinnen tëscht de Statioune Scillas an Howald-Gare. d‘Tramsarrêten, déi elo e Krack méi no un d‘Gare um Howald gerutscht ass, soll dozou bäidroen, d’Potenzial bei de Passagéier weider an d’Luucht ze schrauwen, wéi den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram, erkläert:

“Wie sie wissen, mussten wir erst diese Station provisoire betreiben, weil die endgültige Station noch nicht direkt gebaut werden konnte, es gab ja noch Diskussionen über die acquisition foncière, auf dem ehemaligen Grundstück von Munhowen. Die sind nun geklärt, der zweite Teil der Brücke ist gebaut worden und jetzt bauen wir unsere Station definitiv um.”

Den Tram ass den Ament op enger Streck vu ronn 16 Kilometer ënnerwee. An de kommende Jore soll den Tramsreseau nach ëm e puer Kilometer weider ausgebaut ginn. Zanter dem leschte Mee lafen d’Aarbechte fir eng nei Tramslinn um Kierchbierg. Dës fänkt beim Arrêt Pafendall un a féiert iwwer de Boulevard Konrad Adenauer bis bei d’Europaschoul. Fir d‘Schoulrentrée 2027, soll dës Linn offiziell fir de Public opgoen.

Wann dës Streck fäerdeg ass, soll se an enger zweeter Etapp bis an de Quartier Kuebebierg verlängert ginn. Vun do aus wäert den Tram dann iwwer de Boulevard Pierre Frieden a Richtung Luxexpo fueren. Déi nächst grouss Etappe vum Tram-Ausbau féiere vun der Place de l’Étoile bis op d’Cloche d’Or, souwéi vun der Stäreplaz iwwer d’Areler Strooss bis bei de CHL, déi allebéid bis 2035 solle fäerdeg sinn.

“Darüber hinaus werden wir dann voraussichtlich auch 2027 schon auf dem Abschnitt Hollerich, also dem neuen Quartier Neu-Hollerich, mit den Arbeiten beginnen. Mit dem Ziel einer Inbetriebnahme dort bis 2029. Paralell werden wir anfangen unser neues CRM auf Cloche d’Or zu bauen. Das Finanzierungsgesetz ist ja vor kurzem von der Chambre angenommen worden und wir werden auch in diesem Jahr dort mit den Terrassierungsarbeiten beginnen.”

Wéi reegelméisseg den Tram op dëse Linne wäert fueren, wier nach ofzewaarden a dovun ofhängeg, wéi vill Leit do spéider wäerten op den Tram zeréckgräifen, sou nach den Direkter vu Luxtram. Och wann déi definitiv Zuelen nach net virleien, weist ee sech bei Luxtram elo scho ganz zefridde mam Joer 2025. An deene leschten 12 Méint wieren iwwer 35 Millioune Passagéier transportéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO