
Eréischt leschte Freideg gouf déi nei Foussgänger- a Vëlosbréck zu Esch ageweit. A scho ginn et Kriticken ze liesen, dass se net gutt ugebonne wier an dass d’Stad Esch et verpasst hätt, déi néideg Infrastrukture ronderëm ze amenagéieren. D’RTL-Journalistin Annick Goerens an den Tim Morizet sinn op de Vëlo geklommen an hunn den Test gemaach.
D’Konstruktioun ass 1.500 Meter laang an 1.200 Meter dovunner eng Bréck mat gutt 7,5 Meter Héicht matzen duerch d’Häerz vun der Lëtzebuerger Stolindustrie. Op der enger Säit leien d’Eisebunnsschinnen, op där anerer: deels en historesche Patrimoine an deels nach aktiv Produktiounshale vun ArcelorMittal mat grousse Bobinnen an enger richteg impressionanter Vue op industriell Produktiounssitten, déi ee fréier als normale Bierger ni zu Gesiicht krut.