
Dat en vue vu méigleche Konsequenze vum Krich an der Ukrain. Ënnert anerem recommandéiert d’IEA, d’Vitess op den Autobunnen ëm 10 Kilometer an der Stonn ze reduzéieren, vun Doheem aus ze schaffen, Auto-fräi Sonndeger a grousse Stied anzeféieren an den ëffentlechen Transport méi bëlleg ze maachen.
Da soll och méi mat Zich a manner mam Fliger transportéiert ginn, d’Camionstransporter méi effikass gemaach ginn a méi séier op elektresch Gefierer ëmgeklomme ginn.
Zesumme kéinten déi 10 proposéiert Mesuren de Pëtrolskonzern bannent 4 Méint ëm 2,7 Millioune Barrel den Dag reduzéieren, esou déi international Energieagence, wat der Consommatioun vu sämtlechen Autoen a China entsprécht.