Liewensretter aus LëtzebuergIEE-Sensor erkennt Kanner an Déieren am Auto

RTL Lëtzebuerg
E klenge Sensor, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf, wäert an Zukunft Liewe retten.
IEE-Sensor: Entwécklung aus Lëtzebuerg soll Liewe retten
De Sensor erkennt, wann e Kand oder en Deier eleng am Auto zeréckbleiwen a schléit Alarm.

Ëmmer nees kënnt et vir, datt Leit Kanner oder Déieren am Auto vergiessen. Wann d’Sonn schéngt, kann déi Situatioun bannent ganz kuerzer Zäit liewensgeféierlech ginn. An den USA stierwen esou all Joer eng 40 Kanner, fir d’EU ginn et keng Zuelen. De Sensor vun der Entreprise IEE gëtt zu Iechternach gebaut a gouf elo fir d’Éischt an engem Serien-Auto agebaut.

Den Apparat iwwerwaacht de Banneraum vum Auto an erkennt, wann e Puppelchen oder en Hausdéier am Auto vergiess gouf. De System schléit no e puer Sekonnen Alarm, den Auto fänkt u mat tuten an de Chauffer kritt eng Noriicht op säin Handy geschéckt.

Extrait Thierry Mousel - IEE

Iwwer 10 Joer laang gouf den Sensor vun der Entreprise IEE zu Lëtzebuerg entwéckelt. D’Entreprise ass a Kontakt mat alle groussen Automobilkonstrukteuren a geschwënn wäerten weider Marken dës Technik ubidden.

Back to Top
CIM LOGO