Zanter Ugangs der Woch funktionéiert op dëser Plaz, wou et all Dag zu geféierleche Situatiounen, Quasi-Accidenter a gewote Manövere kënnt, nämlech eng Installatioun mat Roude Luuchten. Parallel gëllt eng Vitesslimitatioun vu 70 amplaz den 90 Stonnekilometer, déi soss op der Landstrooss fir an d’Industriezon fir op Conter gëllen.
Wéi RTL aus dem Mobilitéitsministere confirméiert krut, handelt et sech ëm eng Iwwergangsphas mat enger mobiller Luuchten-Anlag, fir d’Sécherheet op dëser Plaz kuerzfristeg ze verbesseren, bis datt en definitive Projet mat Roude Luuchten ëmgesat ass. Wéini déi definitiv Installatioun soll funktionéieren, gouf nach net preziséiert.
Wéi et vu “Ponts et chaussées” heescht, sinn d’Luuchten jee no Dag an Auerzäit anescht agestallt. Hei ass et wichteg ze betounen, dass d’Schaltzäite kënnen adaptéiert ginn, fir de Verkéiersfloss ze verbesseren.
Och d’Kräizung um Schlammestee (net wäit ewech also vum Scheedhaff), wou ëmmer nees uerg Accidenter geschitt waren, ass jo zanter e puer Joer mat luuchte Luuchten an engem Radar equipéiert.