
Waasser, wat agedrongen ass, ka bei Temperaturen ënner Null dofir suergen, dass de veräiste Verrigelungssystem vun den Dieren net méi richteg funktionéiert. Dofir ginn elo do d’Kabelen ersat.
Eleng an Däitschland si warscheinlech eng 67.400 Gefierer betraff.
D’Réckruffaktioun gouf fir d’éischt an deene Länner duerchgefouert, wou méi äiseg Temperaturen herrschen, wéi z.B. a Russland oder an de skandinavesche Länner. Duerno ass et elo u Mëtteleuropa an duerno u Südeuropa.