Vëlosummer 2022Iwwer 450 Kilometer mam Drotiesel entdecken

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg u leeft déi mëttlerweil 3. Editioun vum Vëlosummer an dat nach bis den 28 August.
Vëlosummer 2022
Vill Stroosse sinn am Summer fir den Trafic gespaart. D’Cyclisten notzen dës Geleeënheet a vill vun hinne freeë sech, och dës Stroossen emol ze befueren.

56 Gemenge maachen am Ganze mat. 11 verschidden Tier ginn uechter d’Land ugebueden. Iwwer 450 Kilometer waarden drop, vu Vëlosfrënn gefuer ze ginn. Bei dëser Editioun ginn et dann och 5 nei Circuite par Rapport zu zejoert mat 120 Kilometer, déi réng fir d’Cycliste reservéiert sinn, dovunner awer 90 Prozent just fir een oder zwee Weekender. Dat heescht, eng Rei ëffentlech Stroosse gi fir de motoriséierte Verkéier gespaart.

PDF: D'Kaart vum Vëlosummer

Back to Top
CIM LOGO