
De Vëlosummer geet an déi 4. Ronn. De Mobilitéitsministère an d’Generaldirektioun vum Tourismus hunn an engem Communiqué ugekënnegt, dass vum 29. Juli bis de 27. August d’Vëloen uechter d’Land eng 500 Kilometer sécher Vëlosweeër kréien.
12 Circuiten an 58 Gemenge solle lokal Cyclisten, mee och Touristen aus dem Ausland unzéien.