Sécherheet op der StroossIwwer déi lescht 3 Joer goufe bal 64.000 Tonne Salz gestreet

Roy Grotz
Streesalz bleift deen eenzegen effikasse Moyen, fir d'Stroosse propper ze halen a se ze entdeeën, wann et Minusgrade ginn.

Méiglech Alternative wéi Split oder Sand kommen net a Fro, fir d’Stroossen ze streeën - op d’mannst net mat de Wieder- a Meteokonditioune wéi mer se hei am Land kennen.

D’Quantitéit vum agesate Streesalz, wat u sech industriellen Natriumchlorid ass, ass impressionant: iwwert déi 3 lescht Joer goufe bal 64.000 Tonnen Salz gestreet - dat fir ronn 3.000 Kilometer Staatsstroossen am Land.

Dat soen d’Ministeren Dieschbourg, Bofferding, Haagen a Bausch an hirer Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

Fir Beem a Planze laanscht d’Stroosse beschtméiglech virum Salz ze protegéieren, géif d’Streebreed op d’Breed vun der Strooss limitéiert, sou d’Ministeren.

Back to Top
CIM LOGO