Statistiken aus DäitschlandJonker veronglécken ëmmer méi dacks mat E-Bikes

RTL Lëtzebuerg
D'Statistescht Bundesamt vu Wiesbaden deelt mat, datt ëmmer méi jonk Leit mam Elektrovëlo accidentéieren.
© AFP/Archiv/Patrik STOLLARZ

D’Donnéeë weisen, datt am leschte Joer 31,2 Prozent vun de Leit, déi mam E-Bike ënnerwee waren a verongléckt sinn, ënnert 45 Joer al waren. Am Verglach dozou, war den Undeel vun den accidentéierte Jonken am Joer 2014 nach bei nëmmen 10,7 Prozent.

Dofir gëllt awer de Contraire fir Leit iwwer 65 Joer. Hu si am Joer 2014 nach 54,5 Prozent vun den Accidenter ausgemaach, waren et d’lescht Joer nach nëmmen 30,1 Prozent.

De Statistiker no ass déi wuessend Popularitéit un Elektrovëloen de Grond fir de Wandel. Haten am Joer 2014 nach just 3,4 Prozent vun de Menagen en E-Bike an der Garage stoen, waren et am Joer 2022 du scho 15,5 Prozent.

Duerch déi klammend Popularitéit un Elektrovëloen ass och d’Zuel un Accidenter eropgaangen. 2023 goufen an Däitschland insgesamt 23.900 E-Bike-Accidenter mat Blesséierte gemellt, wat ongeféier eelef mol esou vill war, wéi 2014, wou nëmme ronn 2.200 Accidenter registréiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO