
An anere Wierder: just d’Hallschent vun de Kandidate packt den Auto-Permis deemno beim éischte Versuch.
Dat wier en Effekt, deen een awer och an anere Länner feststelle kéint.
Sou louchen Duerchfallsquote fir de praktesche Fürerschäinsexamen an Däitschland bei ronn 40%, a Frankräich bei ronn 42% an an der Belsch bei ronn 45% an der rezenter Vergaangenheet.
Dës Zuelen nennt de Mobilitéitsminister Bausch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
D’Experten erkläre sech dëse Phänomen ënnert anerem mat der verännerter Approche vun de jonke Fürerschäinskandidaten zum Permis an der Mobilitéit als Solches.
Fir op dës Entwécklungen ze reagéieren, misst effektiv an Zukunft méi de Fokus an der Ausbildung op de sougenannte “risk awareness” geluecht ginn, schreift de Minister.
Fir insgesamt déi jonk Chauffere besser op d’Defie vum moderne Verkéier virzebereeden, misst een eventuell bei enger Reform vum Apprentissage driwwer nodenken, fir d’Zuel vun den obligatoresche Stonnen an d’Luucht ze setzen.
Dass d’Instrukteren de Kandidaten express wärend dem Exame Fale géif e Stellen, léisst de Minister net gëllen.