D’Acteuren aus dem Tanksecteur sinn net frou a kucke virun allem mat vill Suerg a Richtung franséisch Grenz. Op de Fréisenger Pompele sinn d'57er Nummereschëlder e Mëttwoch nach eent um aneren defiléiert. Mä wéi ass et en Donneschdeg... an e Freideg an e Samschdeg?
Anescht wéi bei eis gëtt den Tankrabatt am Hexagon net ofgeschaaft, mä eropgesat op 30 Cent um Liter. Ee Pëtrolsgrupp proposéiert souguer nach eng zousätzlech Remise. Op verschidde franséisch Pompelstatioune leie vun en Donneschdeg un d’Präisser ënnert de Lëtzebuerger Tariffer.
Ee vun den Exploitante seet sech enttäuscht an iwwerrascht vun der Regierungs-Decisioun. Den Oliver Hoen, Responsabele vun de Goedert-Pompelstatiounen:
“Mir sinn eigentlech dovunner ausgaangen, datt den Tankrabatt bestoe bleift oder souguer erhéicht oder verduebelt gëtt.”
Op der Statioun Fréiseng wäert déi nei Situatioun wéi doen: “80% vun de Cliente si Frontalieren, déi um Aller an um Retour tanken an akafen. Ech denken, datt mer 40 bis 50% beim Volume verléiere wäerten.”
Och de “Groupement Energie Mobilité Luxmbourg” rechent mat grousse Lächer an de Keese vun den Pompelstatioune-Geranten am Süden. D’Diskussioun géing falsch gefouert ginn, bedauert de President Romain Hoffmann:
“Et geet net ëm eng Diskussioun, ob den Tankrabatt sozial gerecht ass. Et geet ëm eng Diskussioun iwwer d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg.”
Mam Stopp vum Tankrabatt géingen net nëmmen dem Secteur, mä och dem Staat Recettë verluer goen. Recetten, déi ee sënnvoll hätt kënnen notzen, sou de Romain Hoffmann.
“Um Liter Diesel verdéngt de Staat 27 Cent iwwer Accisen, C02-Steier an TVA. Um Bensinn sinn et souguer 75 Cent um Liter.”
Um Enn huet den Tankrabatt 65 Millioune kascht, huet eis de Finanzministère confirméiert.
An de leschte Joren hunn d’Sprit-Acteuren iwwregens alt méi wéi 30 Milliounen un direkte Steiere pro Joer bezuelt. 2017 waren et 41 Milliounen. Dat äntwert d’Finanzministesch Yuriko Backes den LSAP-Deputéierten Hemmen an di Bartolomeo op eng Question parlementaire.
Laanscht déi däitsch Grenz dierft iwwregens elo rëm méi Betrib op de Lëtzebuerger Tankstelle sinn. Den däitschen Tankrabatt leeft nämlech och en Donneschdeg aus.
D’ADR fuerdert am Kontext vun den héije Spritpräisser an engem Communiqué, datt d’Regierung den Tankrabatt op onbestëmmt Zäit bäibehält.