PKW-Maut an DäitschlandKeng Plainte géint fréieren Transportminister Andreas Scheuer

RTL Lëtzebuerg
Am Dossier vun der däitscher PKW-Maut gëtt keng Plainte géint de fréieren Transportminister Andreas Scheuer gemaach.
© AFP (Archiv)

De Ministère wëll net geriichtlech géint den CSU-Politiker virgoen.

Well d’Vignette net Realitéit ginn ass, muss den däitsche Bund 243 Milliounen Euro Schuedenersatz un d’Bedreiwerfirme bezuelen, mat deene sollt geschafft ginn.

Am Ufank haten dës Firmen dat duebelt un Indemnitéite verlaangt.

De Projet vum Andreas Scheuer war 2019 vum Europäesche Geriichtshaff gekippt ginn.

Back to Top
CIM LOGO