Zuch-Tunnel vun der Linn 10Keng Zich tëscht Kautebaach a Clierf bis op d'mannst den 11. Dezember 2022

RTL Lëtzebuerg
De 27. August ass den Zuch-Tunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz zum Deel an de Koup gefall. D'CFL hunn an engem Schreiwes matgedeelt, wéi et weidergeet.
Keng Zich tëscht Kautebaach a Clierf
De 27. August ass den Zuch-Tunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz zum Deel an de Koup gefall. D’CFL hunn an engem Schreiwes matgedeelt, wéi et weidergeet.

Esou deelen d’CFL mat, datt een an den nächste Wochen a Méint Etüde lancéiere wäert, fir erauszefannen, wéi et zu dësem Accident komme konnt, sou de Responsabele fir d’Infrastruktur vun den Eisebunne vun den CFL Henri Werdel.
Dat ënnersiche mir zesummen mat Büro d’étuden an och Entrepreneuren, déi eis kënnen déi Aarbechte maachen, wéi zum Beispill, wa mussen Forage gemaach ginn, fir do eng Reconnaissance ze maachen an dem ganzen Material an da mussen jo och Déblaise ewechgeféiert ginn. Mir mussen och wëssen, dass de Site och ganz schlecht zougänglech ass, sou dass mir eis virdrunner nach musse provisoresch Zougäng do amenagéieren.

Vum 12. September un ass d’Endstatioun fir d’Zich, déi aus Richtung Stad kommen, zu Kautebaach. Fir Zich, déi vu Léck kommen, ass d’Endstatioun d’Gare zu Clierf. Tëscht Wolz a Kautebaach zirkuléieren d’Gefierer weider. Wéi déi genee Horairë vun den Zich sinn, wëllen d’CFL geschwë kommunizéieren.

Tëscht Clierf an Ettelbréck soll en Ersatzbus an den Asaz kommen, dee souwuel iwwer Draufelt, wéi och iwwer Wëlwerwolz fuere soll an dat a béide Richtungen. Doriwwer eraus soll och nach en Ersatzbus tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz zum Asaz kommen. Dësen och a béide Richtungen.
Wärend den Entretiensaarbechte sinn d’Stroumleitungen am Tunnel ofmontéiert ginn. Dowéinst hätt een den Ament nërdlech vum Tunnel kee Stroum. Eng Léisung dofir wier awer scho parat, sou de Responsabele fir d’Infrastruktur vun den Eisebunne vun den CFL.

Do hu mir gekuckt an och Zousoe krut vun eise belsche Kolleege vum belschen Eisebunnsnetz, datt si eis kënne Stroum liwweren iwwert déi Schaltanlaagen, déi mir op der Grenz hunn, extra fir sou een Zweck.

Weider géif och mat de concernéierte Gemenge Kiischpelt, Clierf, Ëlwen, Wäiswampech a Wëntger doru geschafft ginn, méiglechst praktesch Ersatzbusservicer op d’Been ze stellen. Detailer dozou sollen nächst Woch publizéiert ginn.

Tëschefall CFL / Reportage Chris Meisch

Schreiwes-CFL 02.09.20022

Back to Top
CIM LOGO