FuoriConcorso um Comer SéiKlassiker treffen op Prototypen

RTL Lëtzebuerg
De Weekend vum 24.-25. Mee war an der Villa Grumello um Comer Séi de FuoriConcorso, wou all Auto-Enthusiast un d'Dreeme kënnt.

Fuoriconcorso ass eng exklusiv Eventrei, déi zanter 2019 d’Automobilkultur, Design a Sammler matenee verbënnt. Gegrënnt gouf d’Evenement vum italieeneschen Entrepreneur Guglielmo Miani.

An der Villa Grumello, en Domaine aus dem 17. Joerhonnert mat Vue op de Comer Séi, waren och bei dëser Editioun nees aussergewéinlech Autoen ze fannen. Esou zum Beispill Rennsport-Legende wéi de Maserati MC12 Corsa, de Ferrari F40 LM oder de Mercedes-Benz CLK GTR.

© Chris Schagen

Och modern Dramautoe wéi de Pagani Imola, de Koenigsegg Jesko Attack oder den Apollo Intensa Emozione huet een um FuoriConcorso genuch fonnt.

Am Kader vun dësem exklusiven Event war et dann och d’Gebuertsstonn vun enger neier Autosmark. RTL war mam Automag live op dësem Event dobäi. Erklärungen an Impressioune vun der Weltpremière vum “Bovensiepen Zagato” ginn et op auto.rtl.lu.

Internetsite vu “FuoriConcorso”

Back to Top
CIM LOGO