
Duerch d’ronn 30 Radaren, déi et den Ament uechter d’Land ginn, goung d’Zuel vun déidlechen Accidenter respektiv och d’Accidenter mat Blesséierten däitlech erof - d’Radaren erfëllen also hiren Zweck, deen absënns präventiv ass.
Sou goufen et op de Sitte ronderëm d’Radaren zejoert guer keng déidlech Accidenter méi - nëmmen nach bei de Radaren zu Esch-Raemerich respektiv Micheville goufen et zejoert nach 2 schwéier Accidenter. Dat schreift de gréngen Transportminister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der ADR.
D’Statistike vun der Police schwätzen eng kloer Sprooch: deemno goufen eng 237.000 Chauffere geblëtzt, déi mat manner wéi 5 Stonnekilometer iwwer der toleréierter Vitess geblëtzt goufen an 49 Euro hu misse bezuelen.
Iwwer 72.000 vun dësen Automobilisten haten d’erlaabt Vitess ëm 4 Stonnekilometer depasséiert. Do ginn awer 3 Kilometer an der Stonn Toleranz ofgerechent, dat heescht si ginn als 1 Stonnekilometer ze séier gezielt.
Dëst Joer kommen nach 2 weider fix Radare bäi: dës wäerten zu Sëll an am Bäreler Bierg blëtzen - soss sinn elo emol op kenge weidere Plaze Radare geplangt.
Bannent den nächste Woche wäerten och d’Streckeradaren an den Tunnellen op der Nordstreck (A7) schaarf gestallt an aktivéiert ginn, déi aktuell just an der Testphas geblëtzt hunn.
Wat déi ronn 300.000 manner schlëmm Verstéiss ugeet, déi d’Police fir zejoert notéiert huet, gi ganz vill vun de Protokoller drop zeréck, datt d’Chauffere vum neie Streckeradar am Tunnel Markusbierg geblëtzt goufen.
Duerch d’Blëtzapparater hu missten zejoert Chauffere bal 13 Milliounen Euro u Protokoller bezuelen, sief et duerch Protokoller vun 49, respektiv 145 Euro.