
Mat Depense vun 114 € op de Kapp géif Däitschland alles anescht ewéi gutt am europäesche Verglach ofschneiden.
Mat 575 € op de Kapp sinn d’Investissementer hei am Land 5 Mol esou héich ewéi an Däitschland. Hannendru kommen d’Schwäiz, Norwegen an Éisträich, wou prioritär op d’Bunn gesat gëtt, mä wou de Kilometer Schinn duerch déi vill Tunnellen an Brécken och méi kascht ewéi an anere Länner.
Am mannste gëtt mat just 46 € op de Kapp a Frankräich an d’Zuchinfrastrukturen investéiert.