Mobilitéit am SüdenLSAP fuerdert Entwécklungsstrategie mat konkreeten Usätz fir Verbesserungen

RTL Lëtzebuerg
Eng entspriechend Resolutioun gouf e Samschdeg de Moien an hirem Bezierkskongress ugeholl, heescht et an engem Schreiwes.
Archivbild
Archivbild
© Pierre Weimerskirch

An der Resolutioun geet och Rieds iwwer den TICE-Reseau. Deen dierft net ouni d’Bedeelegung vun alle Member-Gemenge vum TICE-Syndikat reorganiséiert ginn, betount d’LSAP-Süden. Och an Zukunft sollt all Gemeng onofhängeg vun hirem finanzielle Bäitrag dat selwecht Matbestëmmungsrecht wéi bis elo behalen an d‘Aarbechtsplaze beim TICE missten erhale bleiwen. Wat d‘Plange vun der séierer Tramslinn tëschent Lëtzebuerg a Bieles ugeet, esou missten déi concernéiert Gemenge kontinuéierlech abezu ginn, esou eng weider Fuerderung.

Fannt hei dat offiziellt Schreiwes vun der LSAP-Süden

Back to Top
CIM LOGO