7. Statioun am LandLuks mécht zu Gaasperech eng weider Kontrollstatioun op

RTL Lëtzebuerg
D'Land kritt eng weider Kontrollstatioun fir Autoen a Camionen.
© Domingos Oliveira

D’Gestionnaire vun der Firma LUKS, déi d’Kontrollstatioun zu Luerenzweiler hunn, maachen eng zweet Entitéit zu Gaasperech op.

Vun elo u kënnen deemno Gefierer an der fréierer Etoile-Garage an der Stumper-Strooss zu Gaasperech kontrolléiert ginn.

D’Reservatiounen fir e Rendez-vous ze huelen, geschéien iwwert de Site luks.lu respektiv iwwer Telefon. Nieft de Statioune vun LUKS zu Luerenzweiler an Gaasperech ginn et SNCT-Kontrollstatiounen zu Sandweiler, Biissen, Maarnech an Esch an nach d’Dekra zu Bartreng.

PDF: De Communiqué vu Luks

Back to Top
CIM LOGO