Plaz fir 160 PassagéierLuxair keeft véier nei Boeingen 737-7

RTL Lëtzebuerg
D’Luxair keeft weider nei Boeingen. Dat huet d’Fluchgesellschaft e Mëttwoch de Moien annoncéiert.
© Luxair

En entspriechenden Accord wier am Kader vum Paräisser Aeronautic-Salon ënnerschriwwe ginn. Et handelt sech ëm Mono-Couloire vum Typ 737-7, déi Plaz fir 160 Passagéier bidden a manner Sprit verbrauchen. E Präis gëtt am Communiqué net genannt. Aktuell huet d’Luxair 19 Fligeren. Schonns am Mäerz hat d’Luxair véier nei Fligere vum Typ 737-8 bestallt. Elo am Summer wäerten och zwou 737-8 Maschinne gelount ginn. Béid Boeing-Typpe spuere massiv CO2-Emissiounen an, a géifen och manner Kaméidi maachen, wéi hir Virgänger.

PDF: Communiqué de presse - Luxair choisit le Boeing 737-7 [ENG]

Back to Top
CIM LOGO