
Botzen, Maintenance a Kontrolle sinn d’Haaptgrënn vun den Aarbechten, déi Ponts et Chaussées an den nächste Wochen a Méint an den Tunnelle wäert duerchféieren. Och d’Wëldpassagë si concernéiert.
Et geet virun allem drëm z’iwwerpréiwen, ob d’Sécherheetsequipementer korrekt funktionéieren. Zu den Equipementer zielen zum Beispill d’Ventilatioun, d’Dampdetekteren, d’Feierläscher, de ganzen Eclairage a Guidage, sou wéi d’Noutruff-Bornen. Och ënnert d’Lupp geholl ginn d’Signalisatioun, d’Video surveillance, d’Informatik, den Telefon, d’Elektrescht an d’Waasser. Dernieft ginn d’Mauere vun den Tunnelle gebotzt.
De Gros vun den Aarbechte ginn nuets duerchgefouert. Ausnam sinn d’Maintenance-Aarbechten am Tunnel Markusbierg.