Bequem an ëmweltfrëndlechMallorca kritt en Tram vum Fluchhafe bis an den Zentrum

RTL Lëtzebuerg
Den Trajet vum Fluchhafe Son Sant Joan bis an den Zentrum vu Palma soll an Zukunft méi bequem, bëlleg a virun allem ëmweltfrëndlech ginn.
© AFP Archivbild

En Donneschdeg hunn d’Regionalcheffin Francina Armengol an déi spuenesch Transportministerin Raquel Sánchez en Accord iwwer en Zouschoss vum Zentralstaat an Héicht vun 185 Milliounen Euro ënnerschriwwen am Kader vun der “Trambadía” - wat esou vill heescht wéi “Tram an der Bucht”.

An 30 Minutte soll een deemno fir d’Streck vu ronn 10 Kilometer mat 16 Arrêten tëscht den Destinatioune Son Sant Joan an der Plaça d’Espanya brauchen an dat all 10 Minutten. Spéider soll nach eng Verbindung dobäikommen: vum Fluchhafen direkt op de Ballermann.

De Bau ass u sech schonn zanter Jore geplangt, fänkt awer eréischt dat nächst Joer un. Den éischten Tram soll 2027 rullen.

Bis dohi sinn déi Milliounen Touristen all Joer weiderhin op Busser, Taxien oder Locatiounsautoen ugewisen, déi grad an der Héichsaison vill Leit Zäit a virun allem vill Sue kascht.

Back to Top
CIM LOGO