
Am November 1995 ass d’Iddi opkomm, véier Joer méi spéit goufen déi éischt CITA-Panneauen op den Autobunnen opgeriicht. De CITA ass eng Zort Fréiwarnsystem fir d’Automobilisten. Dofir gëllt et dann och, d’Ekipement up-to-date ze halen, wéi dat mam aktuelle Chantier am Tunnel Gousselerbierg gemaach gëtt.
Dee Service, dee mat Hëllef vu Panneaue Probleemer op den Autobunnen uweist, gëtt et lo offiziell schonn zanter November 2000 an zanterhier ass hir Zentral zu Bartreng 24 Stonnen op 24 am Asaz.
Hei e klenge Réckbléck op dëse Service, deen den Automobilisten d’Liewe méi einfach maache soll.