
Den Automobilmarché an der EU huet am éischten hallwe Joer däitlech kënnen zouleeën. 5,4 Milliounen Neiween goufe bis Enn Juni verkaf, dat ass e Plus vu bal 18% géintiwwer dem selwechten Zäitraum zejoert. Dat huet den europäeschen Branchenverband ACEA e Mëttwoch de Moien zu Bréissel confirméiert.
Trotzdeem léich ee bei den Ëmsazzuele vun neien Autoen nach gutt ee Fënneftel hannert de Chiffere vu viru Corona. D’Schwieregkeeten an de Liwwerketten, déi et déi lescht Joren iwwer goufen, wieren net méi sou schlëmm.
Iwwerdeem huet Acea matgedeelt, datt am Juni den Undeel um Marché vun E-Autoen op 15,1 Prozent geklommen ass, wärend d’Part fir Dieselautoe bei 13,4 Prozent louch. Bensinner bleiwen awer déi meeschtverkaaft Ween mat engem Undeel vun iwwer 36 Prozent un Neizouloossungen am Juni. Op zweeter Plaz koumen Hybridgefierer mat ronn 24 Prozent. Eleng am Juni goufen an Europa ronn 1 Millioun Autoen nei zougelooss.