Fuerderung vu MindestlounMéi wéi 100 Ryanair-Volle wéinst Streik an der Belsch annuléiert

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch flitt dësen an nächste Weekend kee Fliger vu Ryanair, well d'Buedem- a Kabinnepersonal vun der "Low Cost"-Gesellschaft streikt.
© AFP Archiv

Well de Patron vun der irescher Airline refuséiert de belsche Mindestloun ze bezuelen, hunn d’Gewerkschaften Enn d’lescht Woch e Streik vu sechs Deeg annoncéiert. Dëse Freideg leet d’Fluchpersonal bis e Sonndeg deemno hir Aarbecht néier. E weidere Streik gëtt et dann de Weekend vum 6. an 8. Januar.

Op d’Annonce vun de Gewerkschaften hi wollt Ryanair eigentlech Personal aus dem Ausland asetzen, fir awer kënnen ze fléien, ma d’Piloten hunn awer ugekënnegt, solidaresch mat hire Kolleegen ze sinn a sech dem Streik unzeschléissen.

Deemno ginn déi zwee Weekender 128 Flich, déi zu Charleroi hätte solle starten oder landen, annuléiert. Antëscht wieren dann och all betraffe Passagéier iwwert d’Annulatioun vun hirem Fluch informéiert ginn.

Vue datt Ryanair Personal a ganz Europa huet an et nëmmen déi belsch Stewardesse sinn, déi streiken, fléien d’Flich mat Ekippen aus anere Länner wéi geplangt.

Back to Top
CIM LOGO